|
Article in other languages:
|
 |
Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'keeserlech Gäert vu Peking mam Summerpalais
Aner Foto vun de keeserleche Gäert zu Peking
Peking ass d'Haaptstad vu der Volleksrepublik China.
Kuckeswäertes
Monumenter a Gebäier
- Tiananmenplaz ( Plaz vum himmlëchen Fridden)
- Op dëser Plaz hu sech grouss Ereegnesser ofgespillt:
- 4. Mee 1919: China krut duerch de Versailler Vertrag gewëss Héiheetsrechter an der Provënz Shandong net méi zréck, mee déi Regioun ass e japanescht Protektorat ginn. Duergéint hunn deemools op der Tianamen-Plaz méi wéi 3000 Studenten protestéiert
- 4. Abrëll 1976: Um chineseschn Gedenkdag un déi Doudeg hat d'Bevëlkerung do Kränz a Blummen zu Eéieren vum beléiwten, kuerz virdrun verstuerwenen, Ministerpresidenten Zhou Enlai néiergeluecht. Well dat den Politiker um Rudder net gepasst huet, goufen dës Blummen ewechgeraumt. Dausenden vu Chinesen hunn den Dag drop hei duergéint protestéiert. Dës friddlech Demonstratiounen goufen vun der Polizei an dem Militär mat Gewalt opgeléist.
- 4. Juni 1989: Dat ass den Dag vum sougenannten Tian'anmen-Massaker. Hei op der Plaz vum himmlechen Fridden hunn d'Protester vun der chinesescher Demokratiebewegung, déi méintelang zu Peking gedauert hunn, e bluddegt Enn fonnt. Et gouf do vill Doudeger, wéi d'Plaz mat Gewalt geraumt gouf.
- Verbuede Stad. Et ass e Site mat herrlechen typschen chinesesche Bauten, déi jidfereen, deen op Peking geet, kucke muss goen
- Himmelstempel an der Verbuedener Stad. Den Himmelstempel gouf 1998 vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.
- Summerpalais an d'keeserlech Gäert
- Déi grouss Chinesesch Mauer zu Badaling, Mutianyu, Jinshaling an Simatai ass mat enger Längt vu 6400 km dat längste Bauwierk op der Welt. Si gouf 1987 vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.
E Symbol vu Peking: D'chinesesch Mauer
Transportinfrastrukturen
Péking profitéiert vu
- 9 Autostroossen, huet
- 1 Airport, opmanst
- 4 Garen a
- 5 Periphèriquen ronrëm d'Stad.
- Am Zenter vu der Stad läit d'Tianamenplaz, vu wou aus een an déi Verbuede Stad kënnt.
Fotoalbum vu Peking
Kuckt och
Um Spaweck
Questions for article: pekingi időjárás, beijing cocktail, belföldi járat egyiptom, peking cocktail, 72842417619924, बीजिन्ग, beijing ปั??ิ่ง peking, beijing cocktail wiki, china ministerpresidenten, dél-afrikai térkép tartományokkal, gulou torni peking
|